|
|
Vendredi, le 15 mars 2013 à 20h00
au hall des sports à Bissen |
|
Comédie Musicale et Dansante conçue à l’occasion du 150e anniversaire de l’UGDA
avec les groupes folkloriques
Uucht-La Veillée - La Ronde - Vallée des Sept Châteaux
la Chorale Lidderuucht
le groupe folklorique portugais Campinos do União
Fanfares des Faubourgs de la Ville de Luxembourg et Harmonie de Wormeldange
Compositeur, arrangeur et chef d’orchestre: Steve Boehm
Concept et mise en scène: Rob. Koeller
|
A l’occasion de son 150e anniversaire, l’UGDA a développé ce spectacle haut en couleurs où se mélangent danses folkloriques luxembourgeoises et portugaises sur un fil rouge d’une histoire d’amour entre une jeune fille luxembourgeoise et un jeune homme portugais, qui n’est pas vue d’un bon œil par tous.
C’est au cours de leurs habituels travaux que Gréit et João apprennent à se connaître et à s’estimer, mais leurs entourages respectifs sont très sceptiques à l’égard de cette liaison en formation.Cela s’explique par des bousculades lors des danses qui finissent par exaspérer les deux amoureux. Après une bagarre générale, ils se retrouvent seuls aux portes du village et se consolent mutuellement. Au final, leurs entourages accepteront cette union du cœur et finiront par la fêter en mélangeant leurs danses typiques.
Les danses historiques des groupes "Uucht-La Véillée", "La Ronde" et "Vallée des Sept Châteaux" se mêleront à celles du groupe de danse portugais "Campinôs da União". La chorale folklorique "Lidderuucht" rajoutera des couleurs et de l’ambiance avec ses beaux costumes du 19e siècle et ses chansons populaires. L’accompagnement musical se fera par les Fanfares des Faubourgs de la Ville de Luxembourg (anciennes musiques de Clausen et Neudorf) et l’Harmonie de Wormeldange.
Cette production qui est une contribution importante à l’intégration dans notre société multiculturelle, amènera sur scène plus de cent intervenants. Elle a été conçue par Robert Koeller qui assure également la chorégraphie et la régie. La musique entraînante, basée sur des musiques traditionnelles, a été composée et arrangée par le jeune compositeur et corniste luxembourgeois Steve Boehm qui a lui-même des origines capverdiennes.
Päifemeedel - Danzebouf
Folklor-Musical fir den 150ten Anniversaire vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)
mat de Folklorgruppen
Uucht-La Veillée - La Ronde - Vallée des Sept Châteaux
der Chorale Lidderuucht
dem portugiesesche Folklorgrupp Campinos do União
der Faubourgsmusek vun der Stad Lëtzebuerg an der Wormer Musek
Komponist, Arrangeur an Dirigent: Steve Boehm
Konzept a Mise en scène: Rob. Koeller
An dësem faarwege Spektakel, dee fir den 150te Anniversaire vun der UGDA entwéckelt gouf, gëtt mat lëtzebuergeschen a portugiesesche Folklordänz d’Bezéihung tëschent engem lëtzebuerger Meedechen an engem portugiesesche Jong beschriwwen.
D’Gréit an de João léieren sech kennen an entwéckelen eng Frëndschaft, awer dës Verbindung gëtt skeptesch opgeholl, souwuel an dem lëtzebuergeschen, wéi an dem portugiesesche Bekanntekrees vun deenen zwee Verléifter. Et kënnt zu Reiwereien a Konflikter, déi derzou féieren, dass d’Gréit an de João sech méi oder wéineger isoléiert fillen a sech géigesäiteg tréischten. Si erreechen awer, dass d’Mëssverständnisser geléist ginn an, dass hir Léift schlussendlech an hirem ganzen Ëmfeld akzeptéiert an ënnerstëtzt gëtt.
De Musical endegt mat engem grousse Fest, wou mat lëtzebuergeschem a portugieseschem Folklor zesumme gefeiert gëtt. "Campinôs da União", an déi dräi lëtzebuergesch Folklorgruppen "Uucht-La Veillée", "La Ronde" an "Vallée des Sept Châteaux" stellen d’Geschicht am Danz an am Spill op der Bühn duer. D’Chorale "Lidderuucht" mat hire faarwege Kostümer aus dem 19te Joerhonnert, uerdent déi verschidden Szenen thematesch zou mat bekannte lëtzebuerger Stëmmungslidder. Musikalesch gëtt d’Produktioun encadréiert vun der Faubourgsmusek vun der Stad Lëtzebuerg (déi fréier Museken vu Clausen a Neiduerf) an der "Wormer Musek". Insgesamt wierke wäit iwwer 100 Leit bei dem Spektakel mat.
D’Idee vun dësem groussartege Bäitrag zur Integratioun an eiser multikureller Gesellschaft gouf vum Rob. Koeller entwéckelt, deen och d’Choreographie an d’Regie mécht. D’Musek, déi zum Deel op traditionnellen Themen baséiert, gouf komponéiert an arrangéiert vum jonke lëtzebuerger Komponist an Hornist Steve Boehm, dee selwer capverdianesch Wuerzelen huet.
Sous le patronage du Ministère de
la Culture,
du Fonds Culturel National et de
la Commune de Bissen
|