Anniversaire 10 ans
tuba consortium Chapelle St. Marc Bertrand Gröger notenschlüssel
jazzchor freiburg
accueilréservationhistoriquephotogalerieinfopressenewslinkspartenaires
phantastische nacht  

Samschdeg, den 29. Oktober 2016 ëm 19.00 Auer
am Festsall am Veräinshaus zu Biissen

 


mat de COJELLICO’S JANGEN, de Lëtzebuerger Comedian Harmonists



“Bei einem kühlen Humpen, da saβ Cojellico’s Jang - mit einem Zigarstumpen und einem belschen Frang ...”. Sou huet de lëtzebuerger Dichter a Revue-Auteur Jean-Pierre Welter alias Thiriente dat bekannt däitscht Vollekslidd “In einem kühlen Grunde, da geht ein Mühlenrad - mein Liebchen ist verschwunden, was dort gewohnet hat ...” op déiselwecht Melodie ëmgedicht. A weider geet et mat Mein kleiner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen, ... an de Cojellico’s Jang.

Cojellico’s Jangen, d’Jangen wéi si sech selwer nennen, dat si sechs befrënnt Museker déi sech zesummegedoen hunn, fir am Kader vum Spektakel “Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joeren” am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren.

De groussen Erfolleg an de Spaass un der Freed hunn derzou gefouert, dass den Ensemble seng Musek weider entwéckelt huet. Haut sinn d’Cojellico’s Jangen landbekannt a si hunn et bis an  d’Philharmonie bruecht mat hirer Produktioun “Dammenalphabet – vun Amélie bis Wirsch” de 27. Februar 2016.

Cojellico’s Jangen, dat sinn:

Éischten Tenouer:
Zweeten Tenouer
Drëtten Tenouer:
Bariton:
Bass:
Piano:
Arrangementer:
Conférencier:
Raymond Majerus
Arend Herold
Georges Urwald
Carlo Migy
Jean-Marie Kieffer
Christophe Nanquette
Jean-Marie Kieffer a Georges Urwald
Yvon Streff

www.jangen.lu

Entrée:
Erwuessen: 15 €
Jonker ≤ 16 Joer: 10 €

Op Bestellung servéiere mir Iech gäeren eng Hameschmier oder e Kéisteller fir 12 €.

Umellen nëmmen iwwer Telefon 691 429 899 oder 26 88 52 85 (no 17.00 Auer) (Doris Ley-Abokaitis)



 






















Concerts 2016
the gospel people
V^pres italiennes
Orient et Occident