|
|
Sonndeg, den 3. Februar 2019 um 17h00
am Festsall vum Veräinshaus zu Biissen |
|
Text a Musek vum Dicks
Dat alleréischt Theaterstéck a lëtzebuerger Sprooch an eng vun den éischten Operette weltwäit, huet ons den DICKS - deen se selwer Koméidistécker genannt huet - 1855 geschenkt.
Mee et ass nët nëmmen dat éischt, mee och dat witzegst vum Dicks sénge Stécker. Wee kennt net "Gëf mer eng Bees, O du main am Kamain, Dee freie geet sief gudd gekleed ..."
A well de SCHOLDSCHAIN nëmmen eng gutt Stonn dauert (den Dicks wosst wat sech gehéiert ...) hunn de Carlo (de Paapschossel) an d‘Yannchen (spillt d‘Mamm) deem Owend e Virspill geschriwwen, wourann se hir grouss "69ger Wittmann-Konzert-Drehorgel" - déi se speziell fir esou Produktiounen zu Wien baue gelooss hunn - op ganz amusant Manéier virstellen. Sidd op all Iwwerraschunge gefaasst ...
Déi zwee Kënschtler ginn ënnerstëtzt vum Stephanie Schlink (als Marréi) an dem Al Ginter (de Schuechtegfeeër Néckel). A wéi gewinnt bei Hartmann & Hoffmann, schéi Costumer an een opulent Bühnebild.
Ennert dem Patronage vun der Gemeng Biissen
|