Banana-Show
E musikalesche Spaass mat den overgiesslechen Evergreens aus den zwanzeger an drësseger Joren. Wat passéiert an der Geschicht: An der New Yorker Kënschtler-Agentur "Ruinated Artists" bestellt eng kleng europäesch Kulturhaaptstad Artisten fir ee Gala-Showprogramm. Dir erlieft am éischten Deel d’Sich no de Supertalenter an no der Paus wat dobei erauskoum ...
Den Al Ginter, Yannchen Hoffmann, Ursula Thies, Carlo Hartmann, Gisela Bitdinger + hir 2 Maschinisten weisen Iech op hir onverkennbar komödiantesch Manéier, dass Musek, Gesank an Danz beileiwen näischt doudeeschtes sinn.
Dir begéint ënner anerem: de Max Raabe, d’Andrew-Sisters, d’Comedian Harmonists, d’Zarah Leander an d’Josephine Baker, mat Titele wéi: Ain’t she sweet, Mister Sandman, la Petite Tonkinoise, die Fesche Lola, I love Paris, Ich wollt ich wär ein Huhn, Am Sonntag will mein Süßer mit mir segeln gehn, Charleston-Charleston, Kein Schwein ruft mich an, O Donna Clara, Rhum and CocaCola, Ich brech die Herzen der stolzesten Frau, Toselli-Serenade, Was machst Du mit dem Knie lieber Hans, Sing sing sing sing, Yes Sir, Boogiewoogie Bugleboy an natierlech Oh yes we have no bananas ... |