|
|
Samedi
5 mars 2011 à 20h00
dans la salle des fêtes au Veräinshaus à Bissen |
|
E lëtzebuerger Owend mam Henri Losch a musikalesch begleet vum Judith Lecuit um Cello
|
|
|
|
Henri Losch |
|
Judith Lecuit |
|
Den Dicks alias Edmond de la Fontaine, eisen Nationaldichter, huet eng Onmass vu Gedichter geschriwwen. Vill dovunner si bekannt, well hien se fir seng Theaterstécker geschriwwen a selwer vertount huet.
Awer en huet der vill méi opzeweisen, fir Grouss a fir Kleng, spaasseger, verdréinter, eeschter an nodenklecher, spöttescher a sarkasteger.
Säin éischt Spottlidd, seng Freed de Kanner eppes ze bidden, seng Gedichter wou en d’Léift beséngt a kritesch ënnert d’Lupp hëlt, seng Lyrik, Verse vum Feinsten, seng schnokeg Reimen, schallekseg, an
näischnotzeg zegläich, seng Satiren, wouran en de Clergé op d’Schëpp hëlt, a seng Balladen, eeschter an amusanter.
Héich interessant ass et déi all, oder bal all, an engem Liesowend z’erliewen, erzielt vum Henri Losch a musikalesch ënnermoolt vun där sensibler Cellistin, Judith Lecuit.
Do léiere mer all Facettë vum Dicks senger dichtereger Oder kennen a mir si paff, wéi ofwiesslungsräich säi Schaffen ass.
Wien dëse Liesowend erlieft huet, ka behaapten, datt en d’Chance hat e bësse méi an d’Séil vun deem grousse Lëtzebuerger ze luussen.
|
|
Liewenswee vum
Edmond de la Fontaine, genannt Dicks
(1823 - 1891) |
Den Dicks gouf de 24. Juli 1823 an der Stat gebuer, an dem Haus an deem haut d‘Kleedergeschäft C&A ass. Säi Papp, den Théodore de la Fontaine, war ee Notablen an zënter 1841 Gouverneur, d.h. Chef vun der lëtzebuerger Regierung, déi allerdéngs ënnert der Tutelle vun dem Kinnek-Groussherzog sengem Kanzler stoung. No der Primärschoul an no dem Atheneum an der Stat huet den Dicks zu Léck an zu Heidelberg Droit studéiert. An dem Duercherneen vum Revolutiounsjoer 1848 veröffentlecht den Dicks säi satirescht Gedicht "D‘Vulleparlament am Gréngewald", an dem hien d‘Oppositioun, also d‘Géigner vu sengem Papp, mat Biller vu Vullen karikaturéiert.
1850 huet den Dicks seng Carrière ugefaang als Affekot an der Etude vu sengem Brudder Léon an 1854 gouf hien Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg. 1857 huet hie gewiesselt an ass Sekretär a Bürochef bei der Eisebunnsgesellschaft Guillaume Luxembourg ginn.
1858 huet hien zu Réimech bei enger öffentlecher Stee d‘Gebai vun der bankrotter Verzénkerei Lefort kaaft an heiran eng Wiewerei opgemaach, do wou haut d‘Kellerei Saint Remy ass. Derniewend hat hien nach Kalléksiewen a Steebrëch op der Musel. Den Dicks war also en Industrielle ginn.
Zousätzlech gouf hien 1866 Buergermeeschter vu Stadbriedemes. Hien hat awer weder als Industriellen, nach als Politiker Succès. No enger Rei Streidereien huet hien 1870 als Buergermeeschter demissionéiert. Kuerz virdrun hat hie sech aus senger Wiewerei zréckgezunn, déi Problemer hat géintiwwer der neier industrieller Konkurrenz ze bestoen. Den Dicks gouf fir eng Zäit Privatier an huet sech senge musikaleschen a wëssenschaftlechen Interessië gewidmet.
1879 ass den Dicks an d‘Beruffsliewen zréckkomm als Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht zu Réimech an 1881 ass hie Friddensriichter zu Veianen genannt ginn. An dëser Fonktioun blouf hien zu Veianen bis zu sengem Dout de 24. Juni 1891. Hie gouf zu Veianen begruewen an de 6. September 1893 ass seng Läich an d‘Familljegraf zu Stadbriedemes iwwerfouert ginn.
Den Dicks ass haut haaptsächlech bekannt fir seng Operetten a lëtzebuerger Sprooch a fir verschidde Gedichter. Derniewend huet hien sech awer vill mat der Erfuerschung vun eiser Sprooch ofginn. 1855 z.B. huet hien eng Brochure "Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart" erausginn. Hien huet un engem lëtzebuerger Dictionnaire geschafft, deen awer nie publizéiert gouf. Desweideren huet hie Sprechwieder, Lidder a Legenden gesammelt an 1882 säi Wierk "Luxemburger Sagen und Legenden" publizéiert.
Vu senge Gedichter a lëtzebuerger, däitscher a franséischer Sprooch sinn haaptsächlech déi lëtzebuergesch nach bekannt. Sie enthalen dacks, wann och mat Léift verpaakt, eng zolidd Sozialkritik. Den Dicks huet sech och um Michel Lentz geriwwen, deen hie schon aus dem Kolléisch kannt huet an deem hien zourifft "Kuck wous de stees a wiens de bass, den Zolwerknapp ass kee Parnass!"
Traditionnel gëtt et op eisem lëtzebuerger Owend e klenge Maufel z‘iessen an e Pättchen ze drénken
Sous le haut patronage du Ministère de
la Culture,
du Fonds Culturel National et de
la Commune de Bissen.